
De Kleeschen zu Käerch
06/12/2022E Freiden, 2. Dezember, war de Kleeschen op Besuch an eiser Schoul. Kuckt hei d'Optrëtter vun den eenzelne Klassen.

E Freiden, 2. Dezember, war de Kleeschen op Besuch an eiser Schoul. Kuckt hei d'Optrëtter vun den eenzelne Klassen.

D'Kanner aus dem Cycle 4 hunn e Freiden, 7. Oktober, de Workshop "Guitar Evolution" an der Rockhal besicht. Hei krute si d'Geschicht vun der Guitar, sou wéi déi verschidde Musik-Stilrichtungen erkläert. Zum Schluss haten d'Kanner d'Méiglechkeet, d'Lidd "Knocking on Heavens Door" zesummen mat der Band ze spillen.

Den 19. Oktober 2022 ginn zu Käerch an der Schoul (Préau C1 @ 19h30) d'Elterevertrieder nei gewielt. Wann Dir interesséiert sidd, Iech an der Schoul anzebréngen a mam Comite zesummen ze schaffen, da fëllt de bäigefütenen Ziedel aus a gidd en dem Titulaire vun Äerem Kand of. All weider Infoen fannt dir an der Broschüre.

D'Léierpersonal wënscht alle Kanner an hiren Elteren eng schéi Rentrée, en Donneschden, 15. September 2022.
Hei ënnendrënner de Schoulbuet mat alle wichtegen Infoen fir d'Schouljoer 2022/2023.