Télévie
29/04/2025E grousse Merci all de Kanner an hiren Elteren fir hirt Egagement am Kader vum Télévie. Zesumme konnten 16.500€ gesammelt ginn.
E grousse Merci all de Kanner an hiren Elteren fir hirt Egagement am Kader vum Télévie. Zesumme konnten 16.500€ gesammelt ginn.
Den 23. Abrëll 2025 organiséiert d'Käercher Schoul e grousse Sponsorelaf um Fussballsterrain (rue de la Montagne). Ab 8h30 lafen déi verschidde Klasse wärend jeeweils 40 Minutte fir esou vill Tier wéi méiglech ze lafen. De ganzen Erléis kënnt dem Télévie zegutt. Kommt d'Kanner op dësem Dag ënnerstëtzen. Hei den Timing:
8h30 - 9h10: C1 Michèle Lorang, C2.1 Martine Mangen, C3.2 Tessy Lucas, C4.2 Isabelle Haas
9h15 - 9h55: C1 Jessica Klein, C2.1 Monique Friederes, C3.1 Carmen Wagner, C4.1 Christophe Flammang
10h00 - 10h40: C1 Simone Glodé, C2.2 Laurie Golinvaux, C3.1 Estelle Wagner, C4.1 Peggy Kieffer
10h45 - 11h25: C1 Annick Fassbinder, C2.2 Liss Schroeder/Nathalie Portzenem, C3.1 Anne Scholtes, C4.2 J-L Medinger
E Méinden, 2. Dezember 2024, war de Kleeschen an der Käercher Schoul ënnerwee fir de Kanner eng kleng Freed ze maachen. Kuckt hei d'Fotoen an d'Videoe vun de verschiddene Klassen.
D'Equipe ESEB aus der Directioun 02 invitéiert ganz häerzlech op eng Konferenz mam Thema "Les effets multiples du stress à l'école sur l'enfant au cycle 4 - Passage de l'enseignement fondamental à l'enseignement secondaire.", den 7. Oktober um 19h00 am Centre Barblé zu Stroossen. All d'Elteren sinn ganz häerzlech invitéiert.
D'Léierpersonal wënscht alle Kanner an hiren Elteren eng schéi Rentrée, e Méinden, 16. September 2024.
Hei ënnendrënner de Schoulbuet mat alle wichtegen Infoen fir d'Schouljoer 2024/2025.