
Kleeschen 2024
02/12/2024E Méinden, 2. Dezember 2024, war de Kleeschen an der Käercher Schoul ënnerwee fir de Kanner eng kleng Freed ze maachen. Kuckt hei d'Fotoen an d'Videoe vun de verschiddene Klassen.

E Méinden, 2. Dezember 2024, war de Kleeschen an der Käercher Schoul ënnerwee fir de Kanner eng kleng Freed ze maachen. Kuckt hei d'Fotoen an d'Videoe vun de verschiddene Klassen.

D'Equipe ESEB aus der Directioun 02 invitéiert ganz häerzlech op eng Konferenz mam Thema "Les effets multiples du stress à l'école sur l'enfant au cycle 4 - Passage de l'enseignement fondamental à l'enseignement secondaire.", den 7. Oktober um 19h00 am Centre Barblé zu Stroossen. All d'Elteren sinn ganz häerzlech invitéiert.

D'Léierpersonal wënscht alle Kanner an hiren Elteren eng schéi Rentrée, e Méinden, 16. September 2024.
Hei ënnendrënner de Schoulbuet mat alle wichtegen Infoen fir d'Schouljoer 2024/2025.

D'Woch vum 24. Juni bis den 28. Juni steet an der Käercher Schoul ganz ënnert dem Thema "Sport". Niewent verschiddene Parcoursen am Fräien an an der Hal, gëtt an dëser Woch och d'Coupe scolaire gefuer. E Freiden, 28. Juni ass dann de groussen Ofschlossdag mat groussem Vëlostour a Spendelaf, wou och verschidden Atelier'e vum Mike Peter/Dan Wirth, der ASA an der Ligue HMC ugebuede ginn.
E grousse Bravo un eis Schüler aus dem C4.1, déi di 1. Plaz um Coding-Challenge "LYRC 2024", den 4. Februar 2024 am Ettelbrécker Lycéee, gemaach hunn. An der Competitioun mat anere Grondschoul- a Lycéesklassen, hu si et am beschte fäerdeg bruecht, hire Roboter duerch den opgestalltene Parcours fueren ze loossen. Eng super Team-Leeschtung.