Zum Haaptinhalt sprangen

News


News list

Schoulsportdag 2022

02/06/2022

No 2 Joer Paus konnt den 2. Juni erem eise Schoulsportdag an der Schoul ofgehale ginn. E grousse Merci un déi vill Veräiner a Bénévoler, déi et de Kanner erméiglecht hunn, vill nei Sportarten ze entdecken. Kuckt Iech hei ënnendrënner e puer Fotoen vun desem Dag un.

Mam Fierschter an de Bësch

31/05/2022

An der Woch vum 16. Mee haten d'Schoulklassen aus dem Cycle 3 a 4, d'Méiglechkeet, eise Fierschter, de Ben Louis, bei senger Aarbecht am Bësch ze begleeden. An 2 ganz interessanten Atelier'en konnten d'Kanner léieren, wéi d'Ardenner-Päerd bei der Bëscharbécht agesat ginn, a wéi déi gehae Beem am Bësch weider verschafft ginn. E grousse Merci un de Ben Louis, dass d'Kanner vun dësen Atelier'en profitéiere konnten.

Comics

03/05/2022

D'Kanner aus dem Cycle 4.1 hunn hiren eegene Comic mam Tool "Storyboard" gemolt a vertount. Vill Spaass beim Kucken, Liesen a Lauschteren.

D'Geschicht vun der Moul

19/04/2022

D'Kanner aus der Klass vun der Joffer Jessica Klein erzielen d'Geschicht vun der Moul. Heibäi hu si mat der Stop-Motion-Technik experimentéiert. Vill Spaass beim kucken.

1 2 3 4 6 7 8 24