Zum Haaptinhalt sprangen

News


News list

Iwerreechung vun de grénge Meilen zu Glasgow op der COP 26

11/11/2021

E Méinden, 8. November, goufen zu Glasgow op der Klimakonferenz COP 26 all gréng Meilen déi uechter Europa gesammelt goufen (méi wéi 5 Milliounen!), un d'Generalsekretärin vun der UNFCC iwwerreecht. Dorenner och déi 52.555 Meilen, déi vun de ronn 1.300 Kanner hei am Land gesammelt goufen. An dorënner dann och déi 4.277 Meilen vun de Käercher Schoulkanner, déi si vum 31. Mee bis den 27. Juni 2021 gesammelt hunn.
E grousse Merci nach eng Kéei un all d'Kanner fir hiren Asaz bei deser Aktioun.

MathemaTIC Challenge 2021

20/10/2021

En décke Bravo un d'Klass vun der Madame Kieffer aus dem C4.2, déi de MathematTIC-Challenge 2021 gewonnen huet. Vum 6. bis den 8. Oktober hu si hir mathematesch Kompetenzen missten ënner Beweis stellen a goufe belount. Si däerfen sech iwert een Outdoor Teambuilding Dag am Mariendall freeën.

Abroch an d'Schoul

16/10/2021

Leider gouf an der Nuecht vum 15. op den 16. Oktober an d'Schoul agebrach a vill Schued hannerlooss. All weider Infoen fir de Schoulbetrib fannt dir am Communiqué hei ënnendrënner.

Rentrée 2021

08/09/2021

D'Léierpersonal wënscht alle Kanner an hiren Elteren eng schéi Rentrée, e Mëttwoch, 15. September 2021. 
Hei ënnendrënner de Schoulbuet mat alle wichtegen Infoen fir d'Schouljoer 2021/2022.

Schéi Vakanz

15/07/2021

Léif Kanner, léif Elteren,
D'Käercher Léierpersonal wënscht alle Kanner, zesumme mat hire Famillen, eng schéin an erhuelsam Summervakanz, no dësem ganz ustrengende Schouljoer. Bleift gesond!

1 4 5 6 8 9 10 24