Zum Haaptinhalt sprangen

News


News list

Schoul doheem bis den 10. Januar 2021

30/12/2020

D'Regierung huet nei Mesuren decidéiert, fir d'Ausbreedung vum Coronavirus an der Gesellschaft weider méi staark ze bremsen. An deem Sënn wäert d'Maison Relais ab dem 28. Dezember 2020 hir Dieren zoumaachen an d'Schoulen no der Chrëschtvakanz fir eng Woch op de Wee vum Distanzunterrecht goen, dat bis den 10. Januar.
Dir wäert vun äerem Titulaire de classe kontaktéiert ginn, deen Iech wäert matdeelen, wéi an der Woch vum 4. Januar konkret wäert geschafft ginn. Bei weidere Froen oder Problemer si mir selbstverständlech fir Iech do.
Mir wënschen Iech schéin Feierdeeg, e glécklecht neit Joer an eng gutt Gesondheet.

Covid-19-Mesuren

24/09/2020

Léif Elteren,

Mir wëllen Iech nach eng Kéier op d’Mesuren opmierksam maachen, déi vum Educatiounsministère en Place gesat goufen, an déi mir alleguerten respektéieren mussen:

Äert Kand muss doheembleiwen, wann et krank ass oder wann et déi heiten Symptomer huet:

Entweeder eent vun deenen Haaptsymptomer:

  • Féiwer,
  • Houscht,
  • Otemproblemer,
  • Péng am Longeberäich,
  • Verloscht vum Geschmaachs- a Gerochsënn ouni erkennbar Ursaach

oder

minimum zwee vun deenen Niewesymptomer:

  • Péng an de Muskelen;
  • Middegkeet;
  • Schnapp (Nues, déi verstoppt ass oder leeft);
  • Halswéi;
  • Kappwéi;
  • keen Appetit;
  • wässeregen Duerchfall.

Wann der en Zweiwel hutt, musst Dir Äert Kand doheem halen an Ären Dokter kontaktéieren. Informéiert och direkt den Titulaire vun der Klass, sou wéi, falls noutwenneg, d’Maison Relais.

Falls e Kand wärend der Schoulzäit déi folgend Symptomer sollt opweisen, informéiert den Titulaire d’Elteren vum Kand, déi da gebieden sinn, hiert Kand an der Schoul ofzehuelen. An Tëschenzäit gëtt d’Kand an engem Sall isoléiert, dëst ënnert der Surveillance vun engem Enseignant. D’Elteren si gebieden hiren Dokter opzesichen fir déi weider Suitten ze definéieren.

Mir soen Iech Merci fir Äer Mataarbecht a Versteesdemech.

D’Käercher Léierpersonal



Schéi Vakanz

15/07/2020

Léif Kanner, léif Elteren,
D'Käercher Léierpersonal wënscht alle Kanner, zesumme mat hire Famillen, eng schéin an erhuelsam Summervakanz, no dësem ganz aussergewéinleche Schouljoer. Bleift gesond!

1 7 8 9 11 12 13 24