Zum Haaptinhalt sprangen

News


News list

Scheckiwwerreechung

05/11/2019

E Freiden, 25. Oktober, konnten d’Käercher Kanner e Scheck iwwert 3 055,20 € un d’Associatioun «Île aux Clowns» iwwerreechen. Des Suen stamen aus dem Verkaf vun der Schoulzeitung, sou wéi aus dem Erléis vum Schoulfest, wou déi ganz Käercher Schoulgemeinschaft kräfteg gehollef huet. Hei ënnendrënner den Artikel aus dem «Luxemburger Wort» vum 5. November 2019.



Rentrée 2019

11/09/2019

D'Léierpersonal wënscht alle Kanner an hieren Elteren eng schéi Rentrée, dëse Méinden, 16. September. 
Hei ënnendrënner de Schoulbuet mat alle wichtegen Infoen fir d'Schouljoer 2019/2020.

Coupe scolaire 2019

14/05/2019

En Donneschden, 23. Mee, fënnt déi grouss Coupe scolaire fir d'Kanner aus de Cyclen 4.1 a 4.2 an de Stroosse vu Käerch statt. Mir sichen nach ëmmer Leit, déi eng Hand um Parcours mat upaken kënnen. Interesséiert Leit kënnen sech gäere mellen: jean-louis.medinger@education.lu

Schoulsportdag 2019

14/05/2019

Den Donneschden, 13. Juni, steet ganz am Zeechen vum Sport. Elo schonns e grousse Merci un all déi vill Leit déi sech Zäit huelen fir de Kanner e flotten Schoulsportdag 2019 ze bidden.

1 10 11 12 14 15 16 24