
Schéi Vakanz
15/07/2020Léif Kanner, léif Elteren,
D'Käercher Léierpersonal wënscht alle Kanner, zesumme mat hire Famillen, eng schéin an erhuelsam Summervakanz, no dësem ganz aussergewéinleche Schouljoer. Bleift gesond!

Léif Elteren,
E Méinden, 25. Mee, fänkt d’Schoul erem un. Fir genau ze wëssen, wéi Äere Betreiungsbesoin fir Äer Kanner ass, huet de Ministère de l’éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse en Online-Formulaire opgesat. De Link zu desem Formulaire fannt dir um Enn vun desem Message. Fëllt dese Formulaire onbedingt bis e Freiden, 8. Mee 2020, aus a renseignéiert am Feld «Adresse mail du titulaire de classe » d’E-Mail-Adress vun der Joffer oder dem Schoulmeeschter vun Äerem Kand.
Well de Formulaire op franséisch ass, fannt dir hei ënnendrënner eng daitsch, sou wéi eng englesch Iwersetzung, déi Iech beim Ausfëllen vum Formulaire hëllefe kann.
D’Käercher Léierpersonal wënscht alle Kanner an hire Famillen, no dësen 3 aussergewéinleche Wochen, eng schéin an erhuelsam Ouschtervakanz. Bleift aktiv a gesond!
L’équipe des enseignants de l’école de Koerich souhaite à tous les enfants et leurs familles, après ces 3 semaines extraordinaires, de bonnes et reposantes vacances de Pâques. Restez actifs et en bonne santé!