Nees zesummen an d'Klass | Reconstitution des groupes classe
24/06/2020Léif Elteren,
Ab dem Méinden, 29. Juni, ginn d'Klassen nees zesumme geluecht. Alleguerten d'Klassen funktionnéieren dann erem mat engem selwechten Horaire. D'Schoul fänkt moies um 7h50 un, an hält mëttes um 12h50 op. Well d'Klassen all dee selwechten Horaire hunn, fällt den 2. Tour vum Schülertransport eweg. All d'Kanner kënnen erem moies a mëttes mat dem selwechte Bus fueren. De genauen Bushoraire, valabel vum 29. Juni bis den 15. Juli, fannt dir hei annexéiert. Och hei ënnendrënner fannt dir e Link op e Site vum Educatiounsministère matt all de néidegen Infoen.