Zum Haaptinhalt sprangen

News


News list

Schéin Ouschteren

03/04/2020

D’Käercher Léierpersonal wënscht alle Kanner an hire Famillen, no dësen 3 aussergewéinleche Wochen, eng schéin an erhuelsam Ouschtervakanz. Bleift aktiv a gesond!

L’équipe des enseignants de l’école de Koerich souhaite à tous les enfants et leurs familles, après ces 3 semaines extraordinaires, de bonnes et reposantes vacances de Pâques. Restez actifs et en bonne santé!  



Schoul doheem

21/03/2020

Léif Kanner, léif Elteren,

Déi nächst 2 Wochen wäert nach ëmmer «Schoul doheem» um Stonneplang stoen. D’Jofferen an d’Schoulmeeschteren probéieren, zesummen mat iech, déi nächst Zäit esou gutt wéi méiglech ze plangen an ze meeschteren. Duerfir gitt reegelméisseg op de Klassesite vun äerer Klass kucken. Reegelméisseg kommen hei nei Aufgaben an Iddien fir déi nächst Deeg a Wochen. Zéckt och net fir äer Joffer oder äere Schoulmeeschter fir all eventuell Fro ze kontaktéieren. Mir sinn do fir iech!



Grouss Botz

11/03/2020

D'Käercher Schoulkanner hu sech, am Kader vun der Aktioun "Grouss Botz", Gedanke gemach, wéi mir der Ëmwelt hëllefe kënnen. Su hu grouss Panneauen entworf, déi an deene nächsten Deeg wäerten an der Gemeng opgestallt ginn.

Schéi Feierdeeg

20/12/2019

D'Käercher Léierpersonal wënscht alle Kanner an hiere Familljen schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer 2020. E grousse Merci och un all d'Kanner fir hieren Asaz um Niklosmaart. Am Ganzen konnten 1112€ fir d'Fondatioun Wonschstär gesammelt ginn.

Niklosmaart

12/11/2019

D'Käercher Schoul, zesummen mat der Maison Relais, verkeeft um Käercher Niklosmaart selwer gebastelt Krëschtdeko a Schneekegkeeten. Kommt lanscht, den 29. November, den 30. November an den 1. Dezember! Den Erléis gëtt un d'Fondatioun Wonschstär gespend.

1 9 10 11 13 14 15 24