Zum Haaptinhalt sprangen

First Lego League

27/02/2023

Eise Cycle 4 huet e Samschden, 25. Februar mat de Klassen vun der Madame Isabelle Haas, dem Här Jean-Louis Medinger an der Madame Peggy Kieffer un der Final vun der "FIRST Lego League" deelgeholl. Mat selwer programméierte Roboter hunn d'Kanner verschidde Missioune misse bewältegen. Och eng Presentatioun zum Theme "Superpowered" huet engem Fachjury misse virgestallt ginn. Um Enn ass eng formidabel 18. Plaz (ënnert 28 Equipen) heibäi erausgesprongen. Felicitatiounen deenen 3 Klassen fir des Réussite bei hirer éischter Participatioun.