Schoulbibliothéik : Historique
November 2003:
Den Aarbechtsgrupp "Bibliothéik" gëtt gegrënnt.
Memberen: Nadine Bleser, Josiane Muller, Gaby Biver, Mariette Thillmany
2003 - 2004:
- Visite vu verschiddene Schoulbibliothéiken
- Konferenz iwwer d'Förderung vun der Freed um Liese bei Kanner, am Kader vun der KIBUM (Kinderbuchmesse) zu Miersch
- Éischt Kontakter mat der Firma Educdesign
- Bréif un d'Eltere fir d'Sammele vu gebrauchte Bicher
- Educdesign présentéiert der Gemeng an dem Léierpersonal hire Programm:
- Gestioun vun der Bibliothéik
- Internet-Site fir ons Schoul
- Obwuel am Budget 2004 kee spezielle Poste fir d'Bibliothéik virgesinn ass, erméiglecht d'Gemeng ons d'Kaafe vun engem éischte Stock Bicher.
2005:
- Am Budget 2005 ass en décke Poste fir déi zukünfteg Mediathéik virgesinn.
- De Programm vun Educdesign gëtt kaaft.
- Mir fänken un, d'Bicher ze encodéieren, et ginn nei Bicher, a Mobiliar erausgesicht.
2006:
- E Poste vun 20 Stonne gëtt geschaaft, fir d'Gestioun vun der Médiathéik ze erméiglechen.
- D'Miwwele fir d'Mediathéik gi geliwwert an d'Gemeng accordéiert e weidere Kredit vun 2300 Euro fir Bicher.
- 4. Dezember 2006:
Et ass esou wäit: d'Käercher Schoulbibliothéik mécht hir Diren op. All Muerges kënnen d'Kanner vun elo un Bicher ausléine kommen.
2007:
- 2. Februar: Offiziell Ouverture vun der Mediathéik, a Präsenz vu Vertrieder vum Ministère, vum Inspekter, vum Gemengerot a vum Léierpersonal aus der Gemeng.
Am Numm vun de Kanner an dem Léierpersonal soe mir MERCI :
- Der Gemeng fir hir finanziell Ennerstëtzung.
- Den Elteren a Kanner fir hir generéis Donen vu gebrauchte Bicher,
déi och weiderhinn häerzlech wëllkomm sinn. - Dem Aarbechtsgrupp "Bibliothéik".