Zum Haaptinhalt sprangen

Cycle 4

Aktivitéiten Cycle 4


LYRC 2024

08/02/2024

E grousse Bravo un eis Schüler aus dem C4.1, déi di 1. Plaz um Coding-Challenge "LYRC 2024", den 4. Februar 2024 am Ettelbrécker Lycéee, gemaach hunn. An der Competitioun mat anere Grondschoul- a Lycéesklassen, hu si et am beschte fäerdeg bruecht, hire Roboter duerch den opgestalltene Parcours fueren ze loossen. Eng super Team-Leeschtung.


Be a Hearo

05/06/2023

D'Kanner aus dem C4.1 konnten an der Rockhal erliewen, wat alles hannert engen Rock a Popconcert stécht. Moies konnte si un engem Rock- a Popconcert deelhuelen, a mëttes stunge verschidde Workshops um Programm.


Electro for Kids

27/03/2023

D'Klassen aus dem C3.2 a C4.1 hunn an der Rockhal um Atelier "24h Electro for Kids" deelgeholl, wou si vill iwert elektronesch Musik bäiléieren a selwer experimentéiere konnten.


First Lego League

27/02/2023

Eise Cycle 4 huet e Samschden, 25. Februar mat de Klassen vun der Madame Isabelle Haas, dem Här Jean-Louis Medinger an der Madame Peggy Kieffer un der Final vun der "FIRST Lego League" deelgeholl. Mat selwer programméierte Roboter hunn d'Kanner verschidde Missioune misse bewältegen. Och eng Presentatioun zum Theme "Superpowered" huet engem Fachjury misse virgestallt ginn. Um Enn ass eng formidabel 18. Plaz (ënnert 28 Equipen) heibäi erausgesprongen. Felicitatiounen deenen 3 Klassen fir des Réussite bei hirer éischter Participatioun.


2 3 4