Zum Haaptinhalt sprangen

Guitar Evolution

11/10/2022

D'Kanner aus dem Cycle 4 hunn e Freiden, 7. Oktober, de Workshop "Guitar Evolution" an der Rockhal besicht. Hei krute si d'Geschicht vun der Guitar, sou wéi déi verschidde Musik-Stilrichtungen erkläert. Zum Schluss haten d'Kanner d'Méiglechkeet, d'Lidd "Knocking on Heavens Door" zesummen mat der Band ze spillen.