
News
News list


Laf géint d'Minnen, 3. Juni 2014
30/05/2014Am Kader vun engem gemeinsame Projet vum Cycle 4 mat Handicap International, bei dem eng flott Ausstellung op d'Been gestallt gouf, bedeelegt sech d'ganz Grondschoul un engem Laf géint d'Minnen.
Klickt op de Link hei ënnendrënner fir d'Fotoen vun de Kanner ze kucken.

Concours Genial 2014
28/05/2014De Cycle 4.2 huet sech kreativ um Concours "Genial 2014" bedeelegt. Klickt op déi folgend Links an dir kënnt eis Erfindungen bewonneren.
Dem Philippe, Joao a Max seng Erfindung huet den 1. Präis an der Kategorie "Cycle 3 a 4" gewonnen. Jidfereen vun hinnen kann sech iwwert e Bong vun 100€ aus der Belle-Etoile freeën. Hei ënnendrënner fannt dir d'Fotoen vun der Präisiwwereechung.
Coupe scolaire (2)
20/05/2014E grousse Merci un déi vill Fräiwëlleger déi op der Coupe scolaire matgehollef hunn. Hei ënnendrënner fannt dir d'Fotoen vun de Kanner.

Coupe scolaire
13/05/2014En Dënschden, 20. Mee, fueren d'Kanner aus dem Cycle 4 d'Coupe scolaire an de Stroossen zu Käerch. Mir sichen nach Leit déi eis op dësem Dag eng Hand mat upake kéinten, virun allem als Kontrollposten op de Kräizungen. Falls dir Intressi hutt kënnt dir iech op dëser Adress mellden "jean-louis.medinger@education.lu"
Hei ennendrënner fannt dir och de Parcours deen d'Kanner fuere mussen.