
Laf géint d'Minnen, 3. Juni 2014
30/05/2014Am Kader vun engem gemeinsame Projet vum Cycle 4 mat Handicap International, bei dem eng flott Ausstellung op d'Been gestallt gouf, bedeelegt sech d'ganz Grondschoul un engem Laf géint d'Minnen.
Klickt op de Link hei ënnendrënner fir d'Fotoen vun de Kanner ze kucken.
Sënn an Zweck vun dësem Laf, deen en Dënschden 3. Juni beim Fussballsterrain zu Käerch stattfënnt, ass et Gelder ze sammelen, déi vun Handicap International an hieren Aktiounen géint d'Landminnen kënnen agesat ginn. Wann dir d'Kanner aus der Grondschoul ënnerstëtze wëllt, kennt dir hei ënnendrenner de Sponsoring-Formulaire ausfëllen an dem Kand e matginn. D'ganz Schoul seet elo schonns villmols Merci.




Interview Radio 100.7
Fotoen C1
Fotoen C2
Fotoen C3
Fotoen C4
Artikel RTL