Zum Haaptinhalt sprangen

News


News list

Schoulfest 2015

18/06/2015

D'Käercher Léierpersonal invitéiert d'Kanner aus de Cyclen 1 bis 4, zesummen mat hierer Famill, ganz häerzlech op d'Schoulfest, e Samschden, 11. Juli, vu 9 Auer moies un.
Moies stinn interessant a lëschteg Atelieren um Programm, duerno zervéieren d'Elterevertrieder an d'Elterevereenegung e gudde Maufel vum Grill. Nom Mëttegiessen gëtt d'Schoulfest da gemittlech ausklénge gelooss.

Wal Elterevertrieder, Freiden, 7. November

04/11/2014

Well hier Kanner mëttlerweil am Lycée sinn, hu verschidden Elteren hier Missioun als Elterevertrieder missen opginn. Fir dës fräi Plazen nees nei ze besetzen, organiséiere mir Walen.

Des Walen sinn e Freiden, 7. November um 19h00, an der Schoul zu Käerch, am Hall vum Gebäi vum Cycle 1.

Nei Spillplaz

23/09/2014

No langem Waarden, war et e Méinden, 22. September, endlech esou wäit. Déi nei Piratesplillplaz am Schoulhaff vun der Grondschoul konnt endlech a Séi stiechen. E grousse MERCI un d'Gemeng fir des nei Attraktioun.

Rentrée

10/09/2014

D'Léierpersonal wënscht all Kand Kand eng schéi Rentrée, dëse Méinden, 15. September. Moies ass Schoul vun 7h55 bis 12h00. Nomëttes ass vun 14h00 bis 15h50 Schoul.

Laf géint d'Minnen, 3. Juni 2014

30/05/2014

Am Kader vun engem gemeinsame Projet vum Cycle 4 mat Handicap International, bei dem eng flott Ausstellung op d'Been gestallt gouf, bedeelegt sech d'ganz Grondschoul un engem Laf géint d'Minnen.

Klickt op de Link hei ënnendrënner fir d'Fotoen vun de Kanner ze kucken.

1 14 15 16 18 19 20 24