
De Kleeschen kënnt an d'Schoul
25/11/2015E Freiden, de 4. Dezember, kënnt de Kleeschen am Nomëtten bei d'Kanner an d'Schoul.
Géint 14 Auer kënnt de Kleeschen matt der Kutsch bei der Sportshal un. D'Klasssen vun de Cyclen 1 an 2 empfänken hien a ginn dann zesumme matt him an d'Hal. Duerno sangen d'Cyclen 1 bis 4 dem Kleeschen der Rei no e klengt Lidd, an dann gin d'Tiitercher verdeelt.
Owes, ab 17 Auer, organiséiert d'Gemeng op der Gemengeplaz e Niklosmaart wou d'Kanner ënner 3 Joer ab 18 Auer hier Tiitche kënne siche goen.