
Schoul doheem
21/03/2020Léif Kanner, léif Elteren,
Déi nächst 2 Wochen wäert nach ëmmer «Schoul doheem» um Stonneplang stoen. D’Jofferen an d’Schoulmeeschteren probéieren, zesummen mat iech, déi nächst Zäit esou gutt wéi méiglech ze plangen an ze meeschteren. Duerfir gitt reegelméisseg op de Klassesite vun äerer Klass kucken. Reegelméisseg kommen hei nei Aufgaben an Iddien fir déi nächst Deeg a Wochen. Zéckt och net fir äer Joffer oder äere Schoulmeeschter fir all eventuell Fro ze kontaktéieren. Mir sinn do fir iech!