Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Rentrée 25. Mee 2020 (2)

20/05/2020

Léif Elteren,

Hei ënnendrënner fannt dir all wichteg Informatiounen fir den Schoulufank, den 25. Mee, an engem Dokument zesummegefaasst, op däitsch an och op franséisch. Nach ënnendrënner och e Link bei e Video, eng Kéier fir d'Kanner aus dem C1 an eng Kéier fir d'Kanner aus dem C2-4, déi all wichteg Mesuren fir de Schoulufank erklären.

Rentrée 25. Mee 2020

06/05/2020

Léif Elteren,

E Méinden, 25. Mee, fänkt d’Schoul erem un. Fir genau ze wëssen, wéi Äere Betreiungsbesoin fir Äer Kanner ass, huet de Ministère de l’éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse en Online-Formulaire opgesat. De Link zu desem Formulaire fannt dir um Enn vun desem Message. Fëllt dese Formulaire onbedingt bis e Freiden, 8. Mee 2020, aus a renseignéiert am Feld «Adresse mail du titulaire de classe » d’E-Mail-Adress vun der Joffer oder dem Schoulmeeschter vun Äerem Kand.

Well de Formulaire op franséisch ass, fannt dir hei ënnendrënner eng daitsch, sou wéi eng englesch Iwersetzung, déi Iech beim Ausfëllen vum Formulaire hëllefe kann.



Schéin Ouschteren

03/04/2020

D’Käercher Léierpersonal wënscht alle Kanner an hire Famillen, no dësen 3 aussergewéinleche Wochen, eng schéin an erhuelsam Ouschtervakanz. Bleift aktiv a gesond!

L’équipe des enseignants de l’école de Koerich souhaite à tous les enfants et leurs familles, après ces 3 semaines extraordinaires, de bonnes et reposantes vacances de Pâques. Restez actifs et en bonne santé!  



1 15 16 17 19 20 21 37

Login