Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Mam Fierschter an de Bësch

31/05/2022

An der Woch vum 16. Mee haten d'Schoulklassen aus dem Cycle 3 a 4, d'Méiglechkeet, eise Fierschter, de Ben Louis, bei senger Aarbecht am Bësch ze begleeden. An 2 ganz interessanten Atelier'en konnten d'Kanner léieren, wéi d'Ardenner-Päerd bei der Bëscharbécht agesat ginn, a wéi déi gehae Beem am Bësch weider verschafft ginn. E grousse Merci un de Ben Louis, dass d'Kanner vun dësen Atelier'en profitéiere konnten.

Comics

03/05/2022

D'Kanner aus dem Cycle 4.1 hunn hiren eegene Comic mam Tool "Storyboard" gemolt a vertount. Vill Spaass beim Kucken, Liesen a Lauschteren.

1 4 5 6 8 9 10 37

Login