Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Niklosmaart zu Käerch

02/12/2021

Dëse Weekend, vum 3. op den 5. Dezember, ass Nikloosmaart zu Käerch beim Schlass. Eis Kanner sinn och mat engem Stand vertrueden, wou si hir Bastelsaachen, déi si an der Schoul an an der Maiosn Relais gebastelt hunn, verkafen. Den Erléis ass fir d'"Fondatioun Wonschstär". Kommt bis lanscht kucken.
UPDATE: Am Ganzen konnten op dësem Week-end 1368,50 € gesammelt ginn. Eng schéin Somme, déi mir zesummen der Fondatioun Wonschstär iwereeche wäerten. Merci jidferengem fir säin Asaz.

Iwerreechung vun de grénge Meilen zu Glasgow op der COP 26

11/11/2021

E Méinden, 8. November, goufen zu Glasgow op der Klimakonferenz COP 26 all gréng Meilen déi uechter Europa gesammelt goufen (méi wéi 5 Milliounen!), un d'Generalsekretärin vun der UNFCC iwwerreecht. Dorenner och déi 52.555 Meilen, déi vun de ronn 1.300 Kanner hei am Land gesammelt goufen. An dorënner dann och déi 4.277 Meilen vun de Käercher Schoulkanner, déi si vum 31. Mee bis den 27. Juni 2021 gesammelt hunn.
E grousse Merci nach eng Kéei un all d'Kanner fir hiren Asaz bei deser Aktioun.

1 7 8 9 11 12 13 37

Login