Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Schéi Vakanz

15/07/2021

Léif Kanner, léif Elteren,
D'Käercher Léierpersonal wënscht alle Kanner, zesumme mat hire Famillen, eng schéin an erhuelsam Summervakanz, no dësem ganz ustrengende Schouljoer. Bleift gesond!

Op Kannerféiss duerch d'Welt 2021

08/06/2021

Vill Klassen aus der Käercher Schoul huelen dest Joer um Projet "Op Kannerféiss duerch d'Welt" deel. Hei geet et drëms, wäerend 4 Wochen (31. Mee bis den 27. Juni) "gréng Meilen" ze sammelen. Mir wäere frou, wann dir äer Kanner heibäi ënnerstëtze kéint. 

Coupe scolaire 2021

20/05/2021

Vum 17. bis den 19. Mee stung zu Käerch an der Schoul alles ënnert dem Zeechen vum Velo. Bei verschiddene Parcoursen am Schoulhaff konnten d'Kanner aus de Cyclen 2, 3 a 4 hir Feeëgkeeten um Velo trainéieren. Héichpunkt war déi richteg Coupe scolaire, duerch d'Stroosse vu Käerch, fir d'Kanner vum C4.2, e Mëttwoch, 19. Mee. E grousse Merci den Elteren, de Matarbéchter vum technesche Service, sou wéi dem Organisatiounsgrupp.

1 9 10 11 13 14 15 37

Login