Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Schoulfest 2022

14/07/2022

D'Léierpersonal, d'Maison-Relais an d'Elterevertrieder invitéieren ganz häerzlech op d'Schoulfest, e Freiden, 15. Juli ab 16h00 zu Käerch bei der Schoul. Nieft Spill a Spaass fir déi Kleng ass natierlech och duerfir gesuergt, dass keen hongreg an duuschtreg heemgoe muss.

Mini-Entreprises

11/07/2022

D'Schüler aus dem Cycle 4.2 hunn sech vill lecker Schneekegkeeten ausgeduecht a selwer hirgestallt, déi si e Mëttwoch, 13. Juli, denen anere Kanner ze Schmaache ginn. Fir de Präis vun 1 bis 2 € kënnen d'Kanner sech am Nomëtten e leckeren Dessert kafen. Den Erléiss ass fir d'Fondatioun Wonschstär.

Schoulsportdag 2022

02/06/2022

No 2 Joer Paus konnt den 2. Juni erem eise Schoulsportdag an der Schoul ofgehale ginn. E grousse Merci un déi vill Veräiner a Bénévoler, déi et de Kanner erméiglecht hunn, vill nei Sportarten ze entdecken. Kuckt Iech hei ënnendrënner e puer Fotoen vun desem Dag un.

1 3 4 5 7 8 9 37

Login