Theater am C1
27/03/2023Am Mäerz huet d'Klass vun der Madame Jessica Klein d'Theaterstéck "Eddie, de Meeschterdéif" fir d'Schoulkanner an d'Elteren opgefouert. Kuckt hei ënnendrënner e puer Fotoen vun dësem gelongenen Optrëtt.
Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.
Am Mäerz huet d'Klass vun der Madame Jessica Klein d'Theaterstéck "Eddie, de Meeschterdéif" fir d'Schoulkanner an d'Elteren opgefouert. Kuckt hei ënnendrënner e puer Fotoen vun dësem gelongenen Optrëtt.
Eise Cycle 4 huet e Samschden, 25. Februar mat de Klassen vun der Madame Isabelle Haas, dem Här Jean-Louis Medinger an der Madame Peggy Kieffer un der Final vun der "FIRST Lego League" deelgeholl. Mat selwer programméierte Roboter hunn d'Kanner verschidde Missioune misse bewältegen. Och eng Presentatioun zum Theme "Superpowered" huet engem Fachjury misse virgestallt ginn. Um Enn ass eng formidabel 18. Plaz (ënnert 28 Equipen) heibäi erausgesprongen. Felicitatiounen deenen 3 Klassen fir des Réussite bei hirer éischter Participatioun.
E Freiden, 2. Dezember, war de Kleeschen op Besuch an eiser Schoul. Kuckt hei d'Optrëtter vun den eenzelne Klassen.