Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Theater am C1

27/03/2023

Am Mäerz huet d'Klass vun der Madame Jessica Klein d'Theaterstéck "Eddie, de Meeschterdéif" fir d'Schoulkanner an d'Elteren opgefouert. Kuckt hei ënnendrënner e puer Fotoen vun dësem gelongenen Optrëtt.



First Lego League

27/02/2023

Eise Cycle 4 huet e Samschden, 25. Februar mat de Klassen vun der Madame Isabelle Haas, dem Här Jean-Louis Medinger an der Madame Peggy Kieffer un der Final vun der "FIRST Lego League" deelgeholl. Mat selwer programméierte Roboter hunn d'Kanner verschidde Missioune misse bewältegen. Och eng Presentatioun zum Theme "Superpowered" huet engem Fachjury misse virgestallt ginn. Um Enn ass eng formidabel 18. Plaz (ënnert 28 Equipen) heibäi erausgesprongen. Felicitatiounen deenen 3 Klassen fir des Réussite bei hirer éischter Participatioun.



1 3 4 5 35

Login