Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.



Aktuell News | All News uweisen |


Rentrée

10/09/2014

D'Léierpersonal wënscht all Kand Kand eng schéi Rentrée, dëse Méinden, 15. September. Moies ass Schoul vun 7h55 bis 12h00. Nomëttes ass vun 14h00 bis 15h50 Schoul.

Laf géint d'Minnen, 3. Juni 2014

30/05/2014

Am Kader vun engem gemeinsame Projet vum Cycle 4 mat Handicap International, bei dem eng flott Ausstellung op d'Been gestallt gouf, bedeelegt sech d'ganz Grondschoul un engem Laf géint d'Minnen.

Klickt op de Link hei ënnendrënner fir d'Fotoen vun de Kanner ze kucken.

Concours Genial 2014

28/05/2014

De Cycle 4.2 huet sech kreativ um Concours "Genial 2014" bedeelegt. Klickt op déi folgend Links an dir kënnt eis Erfindungen bewonneren.

Dem Philippe, Joao a Max seng Erfindung huet den 1. Präis an der Kategorie "Cycle 3 a 4" gewonnen. Jidfereen vun hinnen kann sech iwwert e Bong vun 100€ aus der Belle-Etoile freeën. Hei ënnendrënner fannt dir d'Fotoen vun der Präisiwwereechung.

1 25 26 27 29 30 31 37

Login