
Schoulfest 2015
18/06/2015D'Käercher Léierpersonal invitéiert d'Kanner aus de Cyclen 1 bis 4, zesummen mat hierer Famill, ganz häerzlech op d'Schoulfest, e Samschden, 11. Juli, vu 9 Auer moies un.
Moies stinn interessant a lëschteg Atelieren um Programm, duerno zervéieren d'Elterevertrieder an d'Elterevereenegung e gudde Maufel vum Grill. Nom Mëttegiessen gëtt d'Schoulfest da gemittlech ausklénge gelooss.