Zum Haaptinhalt sprangen

Journées du livre et du droit d'auteur

21/06/2016

D’Käercher Schoul huet dëst Joer matgemaach bei der „Journées du livre et du droit d’auteur“. D’Thema huet d’Bichermaache behandelt. Nieft ville klengen Aktivitéiten zum Thema hu mir un eegene Bicher geschafft:

 



Den Zyklus 1 huet an engem Buch 4 Geschichten illustréiert an op CD erzielt. D’Buch gouf am Juni fäerdeg an ass den Eltere bei enger flotter Veranstaltung virgestallt ginn.

Am Précoce gouf e flott Mix-Max-Buch hiergestallt.

D’véiert Schouljoer huet no enger interessanter Liesveillée an der Schoul e Buch gebastelt, an deem si hier léifste Lektüre virstellen.

D’Zyklen 2 bis 4 schaffen un engem gemeinsame Buch mat enger spannender Fortsetzungsgeschicht. All Kanner hu fir dëst Buch a Biller an an Texter hierer Kreativitéit fräie Laf gelooss. D‘Buch soll am Hierscht an d’Dréckerei goen.