Zum Haaptinhalt sprangen

Neies aus der Mediathéik

11/05/2007

Säit Ufank Dezember 2006 ass ons Mediathéik a Betriib. Eng Rei Aktivitéiten hu säithir an deem Kader stattfonnt an et si bal 2.900 Bicher erausgaang.

Ausser dem Verléinen huet stattfonnt:
  • och ons Spillschoule kommen ee mol d'Woch an d'Mediathéik. Si kréien all Kéier eng Geschicht erzielt.

  • wann d'Zäit vun de Primärklassen et erlaabt, kréien si och eng Geschicht erzielt. Doduerch ginn si op déi Bicher opmierksam gemaach, gi virwëtzeg a léinen och emol Bicher aus, déi si spontan net géifen huelen (zum Beispill lëtzebuergesch Bicher).

  • fir d'Ouverture vun der Bibliothéik war, zesumme mat der Libo, e Bastelconcours organiséiert ginn, fir Decoratioun an d'Mediathéik eranzekréien. D'Gewënnerklass (dem Nadine Bleser säin 2. Schouljoer) ass de 16. Februar op Besuch an d'Libo gaang a mat hirer Bastelaarbecht an enger Foto vun der Klass ass d'Fënster vum Geschäft dékoréiert ginn.
    Ausserdem war de Josy Braun den 2. Februar 2007 bei ons an der Schoul an huet de Kanner aus sénge Bicher virgelies. Esou konnten och ons Schoulkanner vun der offizieller Ouverture vun der Mediathéik profitéieren.

  • den 28. März ass d'Jasmine Braun, eng jonk Schrëftstellerin aus dem Lycée Robert-Schuman, fir den Uewergrad liese komm. Hatt huet säi Buch "Wolfsspur" virgestallt an de Kanner erzielt, wéi hatt un d'Schrëftstellerei komm ass. Säithir ass säi Buch an der Mediathéik en absolute Renner.

  • Fir den internationalen Dag vum Buch sinn 140 Bicher "Ich schenk dir eine Geschichte 2007" an der Schoul verdeelt ginn.

  • Den 20. Abrëll ass den Uewergrad um Concours "Sentier du livre" deelgeholl. Den 10. Mee war an der Bibliothèque nationale d'Präisverdeelung, wou och Käerch ënner de Gewënner war.

  • Fir den 12. Juni soll den däitsche Schrëftsteller Martin Klein bei ons kommen. Iwereens ass och en Text vun him am Buch "Ich schenk dir eine Geschichte 2007".