Zum Haaptinhalt sprangen

Schoulfest

06/07/2016

Um läschte Schouldag, Freiden, de 15. Juli, ass eist grousst Schoulfest.

Moies a Nomëttes machen sech d'Kanner op de Wee duerch d'Käercher Bëscher fir op engem flotte Foussrallye lëschteg Spiller a kniffleg Froen ze beäntwerten.

Ab 16h00 iwwerhuelen dann d'Elterevertrieder, an Zesummerarbecht matt der APECK déi weider Animatioun. Bodykicker, Kannerdisco, Grill a Gedrénks stinn hei um Programm. Ab 16h00 sinn dann och Elteren, Frënn a Famill häerzlech wëllkomm.