
Cycle 4
Aktivitéiten Cycle 4


Guitar Evolution
11/10/2022D'Kanner aus dem Cycle 4 hunn e Freiden, 7. Oktober, de Workshop "Guitar Evolution" an der Rockhal besicht. Hei krute si d'Geschicht vun der Guitar, sou wéi déi verschidde Musik-Stilrichtungen erkläert. Zum Schluss haten d'Kanner d'Méiglechkeet, d'Lidd "Knocking on Heavens Door" zesummen mat der Band ze spillen.

Visite Schoulfoire YEP
05/05/2022Den 4. Mee hunn d'Kanner aus dem Cycle 4 d'Schoulfoire "YEP" an der Stat besicht. Hei goufe si vill iwert d'Lyceeën, an d'Beruffer déi een hei léiere kann, gewuer. Hei ënnendrënner fannt dir e puer Impressiounen vun desem Dag.
Comics Cycle 4.1
03/05/2022D'Kanner aus dem Cycle 4.1 hunn hiren eegene Comic mam Tool "Storyboard" gemolt a vertount. Vill Spaass beim Kucken, Liesen a Lauschteren.

Eis Liiblingsmusiker
04/03/2022D'Kanner aus dem Cycle 4.2 stellen hei hir Liiblingsmusiker vir. Vill Spaass beim Liesen.
