
Schoulbuet 2023-2024
25/09/2023Hei ënnendrënner fannt dir de Schoulbuet mat alle wichtegen Informatiounen zum Schouljoer 2023 2024.
Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Kaerch. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.
Hei ënnendrënner fannt dir de Schoulbuet mat alle wichtegen Informatiounen zum Schouljoer 2023 2024.
Den 8. Juni gouf an der Käercher Schoul dee schon traditionellen Schoulsportdag ofgehalen. Hei haten d’Kanner erëm d’Méiglechkeet vill nei oder och scho bekannte Sportarten ze entdecken an ze probéieren. Ennert anerem hate si d’Méiglechkeet hire Geschéck a folgenden Atelier’en ënner Beweis ze stellen: Hiphop, Zumba, Danz, Slackline, Fussball, Volleyball, Basketball, Liichtathletik, Tennis, Pingpong, Hockey a Fechten.
E grousse Merci un déi vill fräiwëlleg Hänn, déi op dësem Dag eng Hand mat ugepakt hunn an de Kanner esou e flotten Dag mat vill Spaass a Beweegung erméiglecht hunn.
D'Kanner aus dem Cycle 3.2 invitéiren ganz häerzlech op d'Opféirung vum Theaterstéck "De klenge Waassermann". Gespillt gëtt de 15. an 16. Juni, jeweils um 19 Auer am Festsall zu Käerch. Äer Plaze kënnt dir reservéiren mat engem Mail op carmen.wagner@education.lu